top of page

Art Libre feiert säin 80. Anniversaire

Ulässleg vu sengem 80. Anniversaire huet d'ASBL Art Libre d'Freed, Iech op de Vernissage z'invitéieren, deen d'Erëffnung vun hirer Ausstellung mat Kreatiounen an der Keramik, Acrylmolerei souwéi Seidemolerei markéiert.

Gegrënnt am Joer 1946, ass Art Libre déi eelst participativ Konschtassoziatioun zu Esch-Uelzecht. Iwwer aacht Joerzéngten huet eis Associatioun Konscht-entusiasten aus deene verschiddensten Hannergrënn zesummebruecht, vereent duerch déi gemeinsam Iwwerzeegung, datt Konscht eng Plaz fir Begéinungen, Austausch a kreativen Ausdrock ass, déi fir jiddereen oppen ass.

Dës Jubiläumsausstellung ënnersträicht d'villfälteg Talenter vun eise Kënschtler a spigelt de Geescht vum Deelen, deen eis Associatioun zënter hirer Grënnung geprägt huet.

Mir géifen eis freeën, Iech bei dëser Geleeënheet ze begréissen an dëse Moment vun Gemittlechkeet an artistescher Entdeckung mat Iech ze deelen.

champagne-glasses-solid-full.png
eye-solid-full.png
Exclusion 1.png

Vernissage

Freideg, 25/09, 19:00 Auer

Ausstellung

26/09 - 27/09, vun 14:00 bis 18:00 Auer

Adresse
Centre nature et forêt Ellergronn L-4114 Esch-sur-Alzette

Facebook Link:  fb.me/e/9st5fPS8z

Pics.png

Art Libre  ass den eelste Konschtveräin zu Esch-Uelzecht. Gegrënnt am Joer 1946, feiert en dëst Joer säin 80. Anniversaire. Zweemol d'Woch ginn d'Amateur-Kënschtler vum Art Libre an hirem Aarbechtsraum am "Bâtiment 4" zu Esch-Uelzecht kreativ.

 

Dënschdes Owes ginn simpel Tounklumpen zu schéine Keramik Skulpturen a Platen verwandelt. Ob vun Hand geformt oder op der Töpferschéif gedréint, d'Iewen vun Art Libre transforméieren all Wierk a Konscht. Doriwwer eraus molen aaner Memberen op Seid, a kreéieren elegant Schaler.

Mëttwochs Owes dréint sech d'Töpferscheif weider an eis talentéiert Memberen stellen weider Kreationiunen an der Keramik hir.

Iwwert Eis

Eis Konscht

scarf-svgrepo-com.png

Keramik

Kommt a maacht Är Hänn knaschteg! Egal ob Dir léiwer vun Hand formt oder op der Töpferscheif dréint, eis Iewen transforméieren all Wierk a Konscht.

Acrylmolerei

Hell Faarwen a dynamesch Pinselstrécher. Eis erfueren Konschtmeeschterin wäert och aus Iech eng richteg Kënschtler*in maachen.

DEN ACRYLMOLEREI WORKSHOP  FËNNT AM MOMENT NET STATT.

Seidemolerei

Seidemolerei erfuerdert eng roueg Hand a vill Prezisioun. Dofir, ginn d'Seideschaler, déi dorausser entstinn, ganz elegant a schéin.

Dënschdes: Keramik & Seidemolerei

  • Wou? Bâtiment 4: 66, rue de Luxembourg, 4149 Esch-sur-Alzette

  • Wéini? All Dënschdeg 17h30 - 20h30

scarf-svgrepo-com.png

Workshops

Mëttwochs: Keramik & Acrylmolerei

  • Wou? Bâtiment 4: 66, rue de Luxembourg, 4149 Esch-sur-Alzette

  • Wéini? All Mëttwoch 17h30 - 21h00

Merci fir d'Ofschécken!

Bâtiment 4:
66, rue de Luxembourg,
4422 Esch-sur-Alzette

 

E-Mail: artlibreesch@gmail.com

Tel: +352 621 288 312

Tel: +352 621 363 405

about-house1.png

Kontakt

  • Facebook

© 2022 vun Art Libre. Erstellt mat Wix.com

bottom of page